Turmes on Tour – Dag 5: Zukunftsdreem an Zukunftsangscht
Moies fuere mer op Esch Belval, wou un der Zukunft vu Lëtzebuerg soll gebaut ginn. Meeting matt engem Team vu jonke Fuerscher, déi wëllen zu Lëtzebuerg e Fuerschungszenter vir Parkinson opbauen, enger Krankheet déi wäert ëmmer méi massiv optrieden an zu Lëtzebuerg schonns méi wéi 1000 Leit betrëfft. Op Basis vun Analyse vu Mikroben-Muster am mënschleche Kierper soll no Therapië gesicht ginn. An des Fuerschung fléissen zu Lëtzebuerg méi wéi 100 Milliounen Euro. Ass Biotechnologie wierklech d’Zukunft vu Lëtzebuerg an dat Geld wäert?








