Enjeux

Claude Turmes on Tour: Du bass Europa !

De Claude Turmes geet vum 13. bis 18. Mee op den Terrain a mécht en « Tour de Luxembourg ». Mat senge Mataarbechter Esther Bollendorf an Olaf Münichsdorfer geet hien queesch duerch d’ganzt Land Projeten, Betriber a Schoule besichen, fir iwwert Europa ze schwätzen. Vum Hondséislek an den déiwe Minett. De Motto vum Tour: Amplaz di grouss Show an eidel Spréch – den direkte Kontakt an en oppent Ouer!

Suivéiert de Claude a seng Equipe Etapp fir Etapp via seng Facebook-Säit oder hei op sengem Internetsite.

< retour

Articles récents de cet enjeu

  1. Turmes on Tour – Bilan: Dir sidd effektiv Europa!

    Gëschter Moien war den Ofschloss vun der Tour mat engem Stand um Knuedler. Eng Woch no der Rees nom Motto "Dir sidd Europa" queesch duerch Lëtzebuerg fueren ech elo voll motivéiert op Stroossbuerg.

  2. Turmes on Tour – Dag 5: Zukunftsdreem an Zukunftsangscht

    Moies fuere mer op Esch Belval, wou un der Zukunft vu Lëtzebuerg soll gebaut ginn. Meeting matt engem Team vu jonke Fuerscher, déi wëllen zu Lëtzebuerg e Fuerschungszenter vir Parkinson opbauen, enger Krankheet déi wäert ëmmer méi massiv optrieden an zu Lëtzebuerg schonns méi wéi 1000 Leit betrëfft. Op Basis vun Analyse vu Mikroben-Muster am mënschleche Kierper soll no Therapië gesicht ginn. An des Fuerschung fléissen zu Lëtzebuerg méi wéi 100 Milliounen Euro. Ass Biotechnologie wierklech d’Zukunft vu Lëtzebuerg an dat Geld wäert?

  3. Turmes on Tour - Dag 2: op d'Musel

    Moies e Gespréich an der Ackerbauschoul: Leschte Schouldag vun Ofschlossklasse virum Examen (bonne Chance!). Intensiv Diskussioun iwwert d’Zukunftschancë vir Baueren, de Sënn vun Ëmweltoplagen an der Landwirtschaft an d’Responsabilitéit vun de Baueren an der Waasserproblematik. Fazit: d’Politik muss Moossnamen och upassen, wann sech an der praktescher Upassung Problemer weisen.

  4. Turmes on Tour - Dag 1: am Éislek

    Visite um Schankenhaff zu Hëpperdang: Begéinung matt verfroosse Bioschwäin, der "Damm vum Haff" d.h. dem Hond Leika an super guddem Hëpperdanger Kéis.

  5. « Tour de Luxembourg » von Claude Turmes vom 13. bis 18. Mai 2013

    Im Rahmen des Europäischen Bürgerjahres unternimmt Claude Turmes mit seinen Mitarbeitern vom 13. bis 18. Mai 2013 eine Tour durch ganz Luxemburg, von der Nordspitze bis zum Minett. Das Ziel: Den Bürgerinnen und Bürgern zuhören und mit Akteuren aus unterschiedlichen sozialen und wirtschaftlichen Bereichen über Europa reden.

Haut de page